Mir sinn en Téihaus zu Echternach. Kommt eis besichen fir eng Tass ze genéissen an eventuell mat Biogebecks dabei oder fir Téi am Lassenen ze kafen.

Wëllkomm bei mir

Wëllkomm bei mir, ech sinn de Maxime an ech waarden op iech beim Chouchouthé. Et ass en Téisalon, wu dir villerlee vun kal a waarm Gedrénks a Basis vu Friichten a Planzen genéissen a kafe kënnt. Ech schloen iech eng aussergewéineglech Experienz fir, déi äer Preferenzen berücksichtegt an iech hëlleft, d’Welt vum Téi z’entdecken.
A ville Kulturen ass et am Gebrauch, den Téi ze zervéieren befier eppes kaft gëtt. Aus dem Gronn proposéieren ech verschidden Téivierberedungen. Meng Hoffnung ass, dat dir duerch dës Erfahrung di nämlecht Leidenschaft fir den Téi erweckt, di ech hun.
Ech wäert och geschwënn Atelieren iwwert den Téi firschloen: Dir kënnt d’Aktualitéiten op mein Facebook an Instagram nokucken, fir mat ze maachen.

Best sellers

Hei sinn e puer vun eisen am meesten gefroten Produkter, di mat den Joerszäiten ofwiesselen. Halt Iech am Lafenden op eisen sozialen Netzwerker.

Ye Sheng Bai Ya Bao

Weissen Téi

Dian Huang

Gielen Téi

Lu Bao Shi

Gréngen Téi